Caisse nationale de santé - CNS

Présentation

Dans les 16 agences de la Caisse nationale de santé réparties sur le territoire luxembourgeois, des agents souriants et avenants répondent à toutes vos questions et prennent en charge les opérations reliées à l’assurance-maladie.

Ce sont des gens comme Vanessa et Marco, pour qui le service à la clientèle est une vocation. Leur courtoisie les mène à nouer des relations cordiales avec les assurés, et, d’une visite à l’autre, des liens de confiance se créent naturellement.

Les agents CNS, titulaires d’un DAP ou ayant accompli une classe de 13e ou de 1re, sont formés en interne et peuvent évoluer sur plusieurs postes au fil de leur carrière.

 

Présentation métiers : Caisse Nationale de Santé
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Caisse nationale de santé

Vanessa SCHIAVI - Agent CNS säit 2016: Ech schaffen am Guichet, wou ech mat Leit ze dinn hunn. Ech muss Schecken ausstellen an op Froen äntweren. Mäin Alldag ass net langweileg.

Marco CAMILLONI - Agent CNS säit 2015: D'Aarbecht ass ganz interessant. Ech wollt eppes am soziale Beräich an net just op engem Büro sëtzen. Dat Wichtegst ass e gudde Service an de Leit ze hëllefen.

Vanessa SCHIAVI: Ech hunn am Internet gesinn, dass d'CNS Plazen ausgeschriwwen hat. Ech hu mech gemellt a krut kuerz duerno en Uruff, dass ech mech soll virstelle kommen. Ech hat zwee Virstellungsgespréicher.

Marco CAMILLONI: Ech hu ganz klassesch de Staatsexame gemaach. Ech hu mech fir d'CNS entscheet.

Vanessa SCHIAVI: Mäin Horaire ass zimmlech flexibel. Moies kann ech tëschent 7:00 an 8:30 Auer ufänken. Owes muss ech bis 16:00 Auer bleiwen. Esou ass ee flexibel an net gestresst, wann een am Stau steet. Et fänkt een un, wann een do ass. Bei der CNS gëtt ee gefuerdert. Dat hunn ech gebraucht.

Marco CAMILLONI: Et ginn intern an extern Formatiounen. Intern Formatioune si meeschtens eng Virbereedung op eng Promotioun, e Carrièreswiessel oder fir den Astellungsexamen.

Vanessa SCHIAVI: Mir hu geléiert, wéi ee mat Stress ëmgeet oder Konflikter, wann d'Leit net zefridde sinn. D'CNS ass en Deel vum Staat an et gëtt ee gutt bezuelt. Ech verdéngen elo vill méi wéi virdrun. Natierlech motivéiert dat een.

Marco CAMILLONI: Et mécht mir Spaass, de Leit ze hëllefen.

Vanessa SCHIAVI: Et si meeschtens déi selwecht Assuréen, déi laanschtkommen. Et baut een heiansdo eng Relatioun op an et gëtt ee méi gespréicheg. Et kënnt vir, dass den Assuré frou ass a Kamellen oder Kichelcher laanschtbréngt. Dat mécht mech houfreg an den Dag geet gutt un.

Marco CAMILLONI: Et huet ee genuch ze dinn an dat ass interessant.

Vanessa SCHIAVI: Heiansdo ginn et schwiereg Konflikter, mä et muss een ëmmer roueg bleiwen. Ech si frou, an enger gudder Ekipp ze schaffen. Mir hëllefen eis géigesäiteg an halen zesummen. Ech hunn nach keng schlecht Erfarunge gemaach. Ech si frou bei der CNS.

 

Du brauchs eng 13ème eng 1ère oder en DAP

Vill Ofwiesslung

En interessante Salaire

 

GovJobs

Caisse nationale de santé

Dernière mise à jour