Administration pénitentiaire

Présentation

Sara, Andy et Pamela sont agents pénitentiaires. Enfants, ils rêvaient déjà de porter l’uniforme.

Dans la réalité du pénitencier, ils sont loin d’être les brutes sans émotion que l’on voit encore trop souvent dans les films. La relation avec les détenus, faite d’empathie et de pédagogie, est bien plus positive que ce que l’on croit. Les agents sont les premiers interlocuteurs des détenus : ils contrôlent leurs cellules, les accompagnent à l’atelier ou assurent leur transport vers l’hôpital quand c’est nécessaire. L’aisance avec la parole et le sens de l’écoute sont primordiaux dans ce métier pas comme les autres, qui nécessite aussi beaucoup de sang-froid.

 

Présentation métiers : Administration pénitentiaire
Transcription textuelle de la vidéo

 

GovJobs

Administration pénitentiaire

Sara CALDAROLA - Agent: Mir maachen net nëmmen Dieren op an zou. Mir sinn och ee vun den 1. Uspriechpartner vum Gefaangenen. D'Leit wëssen net wierklech, wat an engem Prisong geschitt.

 

Andy MATERAZZI - Agent principal: Ech duecht, et wier wéi an de Filmer. Wou ech hei ugefaangen hunn, hunn ech gesinn, dass et am positive Sënn anescht ass.

 

Sara CALDAROLA: Mir hunn 10 Abteilungen. Zum Beispill gëtt et nach de „Besuch“ oder de Portier.

 

Andy MATERAZZI: Mir kontrolléieren d'Zellen oder maachen Transporter mat de Gefaangenen an d'Spidol oder mir gi mat hinnen an d'Atelieren. Mir hu vill Ofwiesslung.

 

Sara CALDAROLA: Keen Dag ass ewéi deen aneren. Dat gefällt mir am beschten. Et gëtt Fréischicht, Mëttesschicht, Dagesschicht, Nuetsschicht.

 

Andy MATERAZZI: Ech hunn eng 9ème an 2 Joer Commerce gemaach. Ech wollt ëmmer e Beruff an Uniform maachen a sinn dofir an d'Arméi gaangen. Ech wollt Polizist oder Giischtje ginn.Nom Examen huet een 3 Joer Stage. No der Ustellung lafen se automatesch bei eis am Service mat.

 

Pamela FIEGEN - Agent principal: Et muss ee mënschlech sinn an eng sozial Oder hunn. Et muss ee mat Leit ëmgoe kënnen.

 

Sara CALDAROLA: Ech war erstaunt iwwert de Rapport mat de Gefaangenen. Mir hu keng Knëppelen oder Waffen. Et muss ee villes mat Schwätzen an Educatioun bewierken.

 

Andy MATERAZZI: Als Beamte muss ee mënschlech sinn. Et muss een am Team schaffe kënnen. Et muss een d'Gefaangener anstänneg behandelen. Si hunn hir Strof scho kritt a sollen net nach méi bestrooft ginn.

 

Pamela FIEGEN: Dat ass kee Ponyhaff, mä mir sinn am Prisong. Dat muss ee sech bewosst sinn.

 

Andy MATERAZZI: Eise Beruff ass keen ongeféierlechen. All Dag kann eppes geschéien. Et weess een ni, wat am Dag passéiert. Mä et gëtt een net all Dag ugegraff. Et ass net esou geféierlech wéi an de Filmer.

 

Pamela FIEGEN: Et muss een e bësse virwëtzeg sinn, fir hei ze schaffen.

 

 

D’Prisongsverwaltung bitt dir:

 

  • eng interessant Karriär als Fonctionnaire D1
  • eng Formatioun zum Agent Pénitentiaire wärend dem Stage
  • berufflech Villfalt a Weiderbildungen

 

Fir eng Karriär als Agent pénitentiaire brauchs du

 

  • d’Lëtzebuerger Nationalitéit
  • a mindestens 18 Joereng 3e an de Staatsexamen am D1

 

GovJobs

Administration pénitentiaire

 

 

Dernière mise à jour