Ministère de l’Économie / Direction générale du Tourisme & des Classes moyennes

Présentation

Qu’ils soient juristes, comme David, ou chargée de projets, comme Ricarda, les collaborateurs de la Direction générale du Tourisme & des Classes moyennes travaillent au cœur de ce qui fait la beauté du Luxembourg : d’une part ses paysages et attraits touristiques, d’autre part ses travailleurs et entrepreneurs, qui contribuent au dynamisme du pays.

Leur travail touche autant à des questions commerciales qu’historiques, culturelles et patrimoniales.

Ils ne s’ennuient jamais, et développent une connaissance approfondie du Grand-Duché.

 

Présentation métiers - Direction générale du Tourisme & Direction générale des Classes moyennes
Transcription textuelle de la vidéo

GovJobs

Ministère de l’Économie

David HEINEN – Juriste, Direction générale des Classes moyennes : Ech schaffen zënter véier Joer an der Direction générale vun de klengen a mëttelgroussen Entreprisen zu Lëtzebuerg. No siwe Joer als Affekot an engem Cabinet, hunn ech decidéiert, bei de Lëtzebuerger Staat schaffen ze goen. Bei menger Aarbecht geet et dorëms, d’Entreprisen duerch staatlech Hëllefe an e kompetitive Kader ze ënnerstëtzen.

Ricarda BRAUN – Gestionnaire de projets, Direction générale du Tourisme : Ech hu virun e puer Méint an der Generaldirektioun vum Tourismus ugefaangen. Ech hu mech direkt gemellt, wou ech déi Plaz online gesinn hunn. Ech këmmere mech ëm d’Promotioun vum Tourismus zu Lëtzebuerg. Et ass e ganz villfältegen Job, dee vill mat Kultur, Ëmwelt a Geschicht ze dinn huet. A menger Aarbecht geet et haaptsächlech dorëm, Projeten ze initiéieren, ze entwéckelen, awer och bei hirem Ausbau ze fërderen. Ee vun deene leschte Projeten, op deenen ech geschafft hunn, ass zum Beispill de „Vëlosummer“. Ech schaffen och ganz vill mat den Offices régionaux du Tourisme an aneren Acteuren am Land zesummen, wat et flott mécht, well ee vill interessant Leit bei der Aarbecht kenneléiert .

David HEINEN : Mäin Dagesoflaf ass ganz ofwiesslungsräich a keng Woch ass wéi déi aner. Als Jurist sinn ech natierlech an éischter Linn fir d’Ëmsetzung vun der Regierungspolitik fir d’Lëtzebuerger Entreprisen am legislativen a reglementäre Beräich zoustänneg. Mir ech schaffen awer och punktuell un neie Projeten, sief et um lokalen oder nationalen Niveau. Reegelméisseg ginn och Reunioune mam Secteur organiséiert, sief et mat der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers oder de Lëtzebuerger Entreprisë selwer, fir kënnen de Bols um Terrain ze fillen. Esou hu mir als Ministère d’Méiglechkeet, no bei den Entreprisen ze sinn, an hir alldeeglech Suergen ze héieren.

Ech hat d'Chance, bei sëllege Projete matzewierken, déi um nationalen Niveau ëmgesat goufen a ganz wichteg fir eis Lëtzebuerger Entreprisë waren. Als Beispill géif ech hei just de Lancement vun eiser digitaler Plattform, dem „Lëtzshop“ mentionéieren, eng Säit déi de Lëtzebuerger Commerçanten erlaabt, eng virtuell Vitrinn ze kréien, wou se hir Produiten och kënnen online verkafen. Op der anerer Säit war ech och un der Kreatioun vum House of Entrepreneurship bedeelegt, wou all Bierger deen sech wëll selbststänneg maachen oder eng Entreprise wëll grënnen, Ënnerstëtzung ka fannen. Ech fannen et perséinlech eng ganz flott Erfarung, an dësem Beräich ze schaffen, an och dono dobaussen um Terrain de Feedback zu eiser Aarbecht ze kréien. Et erlaabt mer awer och, d’Entreprisen zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an och ze begleeden, an och gläichzäiteg vill interessant Leit kennenzeléieren.

Ricarda BRAUN : Meng Aarbecht ass ganz ofwiesslungsräich. Se erlaabt mer, mat verschiddene Regiounen interaktiv mat Acteuren um Terrain ze schaffen a sou mierkt ee richteg och wéi schéin eist Land ass an ënnerschiddlech eis Regioune sinn. Et kann een et no bausse droen, an dat mécht Spaass. Et ass schonn eng Freed, wann ee gesäit, wéi d’Bierger, also d’Residenten an d’Touriste vun deenen Attraktioune profitéieren, un deenen ee matgeschafft huet an de Projeten, déi een entwéckelt huet. Dat ass wierklech eng schéi Valorisatioun vu senger Aarbecht.

David HEINEN : Et gi ganz vill Méiglechkeeten hei och fir Studenten, fir sech ouni Problem am Summer fir e Stage bei der Direction générale kënnen ze mellen an esou en direkten Abléck op den Dagesoflaf an engem Ministère kënnen ze kréien. Mir versichen och de Studenten ëmmer d’Geleeënheet ze ginn, hir Aarbecht um Enn vun hirem Stage beim Minister a sengem Cabinet ze presentéieren. D’Studente si wierklech en Deel vun der Ekipp, wa se hei sinn.

Ricarda BRAUN : Fir hei ze schaffen, muss ee gäre mat Leit am Austausch sinn, och gär proaktiv um Terrain schaffen an oppe si fir nei Iddien A wann ee wëll an engem dynameschen Ëmfeld mat gudde Leit schaffen, ass een hei genau richteg.

 

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG

Ministère de l’Économie

Direction générale du Tourisme 

Direction générale des Classes moyennes

GovJobs

Dernière mise à jour